Wat ass d'Denkfabrik Nordstad?

Äntwerten op Froen, déi Dir Iech schons vlaicht gestalt hutt.

1. Wat ass de Projet Nordstad?

De Raum Ettelbréck-Dikrech soll niewt der Stad Lëtzebuerg an der Regioun Esch en drëtten Entwécklungspol vum Land gin. Den Adrien Ries hat schon 1973 di wichtig Roll vun enger dezentraler "Nordstad" duergestallt.

2. Wéi stellt sech d'Denkfabrik d'Entwecklung vun der Nordstad vir?

D'Leit liewen haut nët nëmmen an hirer Gemeng, mee och an der Regioun. Dofir muss och di politisch Planung iwwert d'Gemengegrenzen erausgoen. Eis Virstellung ass datt di städtisch a ländlich Gemengen aus der Regioun méi enk zesumme plangen a schaffen. Et geet drëm de Wuesstum sou ze gestalten datt en am Sënn vun enger nohaltiger Entwécklung op d'Regioun passt. Och am Freizeit a Kulturbereich kann méi Kooperatioun Virdeeler fir d'Awunner brengen.

3. Wat fir eng Gemengen sinn derbei?

D'Nordstad-Etüd vun 1997 huet sech op di 5 Kärgemengen Bettenduerf, Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren begrenzt. 2006 kum Colmar-Berg zum Kärgebitt derbäi. Et ass awer klor dat d'Regioun a verschiddenen Froen méi weit ze faassen ass. Dofir wëlle mir och di méi ländlich Gemengen rondrëm di eigentlich Nordstad bedeeligen. Vu Mertzig bis Reisduerf a vu Bourschend bis Noummer sin dat 30.000 Awunner.

4. Wat ënnerhëllt d'Denkfabrik konkret?

Mir trieden am Gespréich mat Gemengeautoriteiten fir d'Zesummenaarbecht an der Regioun an. Mir beroden eis mat Fachleit a Ministären an organiséiren Diskussiounsowender. Mir brengen Leit aus verschiddene Gemengen mat Organisatiounen a Betrieber zesummen un een Dësch.

Mir hu Pilotprojeten ausprobéier wéi Ruffbus, Late Night Bus, regionalen Fahrplang an Spektakel Nordstad. Mir hun matgehollef Kontakter knäppen a Virarbicht machen fir dat d'EU-Initiative Leader+ och an eiser Regioun sollt ulaafen.

Seit 2006 funktionnéiert op Gemengenebene de Comité Politique Nordstad. Puer vun den Denkfabrikscomitésmemberen hun Verantwortung an Schäfferéit iwwerholl. Doduerch ass d'Aktivitéit op Veräinsniveau bëssen mi rouig gin.

Mee wee wees wi et weider geet ?

5. Wéi kann ee Member gin?

Jiddfereen ass wëllkomm, dem d'Entwecklung vun der Regioun um Häerz leit. Besonnech flott ass et wa Leit mat originellen Iddien un eis eruntrieden. Am Moment beschäftigen mir eis mat Themen wi Transport, Leader+, Kultur, Energie, Ekonomie.

Wann Dir interesséiert sidd fir matzemachen sot engem vum Comité bescheed an iwwerweist 12,5 € op ee Konto vun der Denkfabrik Nordstad

CCPL: LU91 1111 1755 1340 0000
BCEE: LU25 0019 1755 5485 5000

6. Wien ass am Comité? (Stand März 2010)

President: Frank Thillen, professeur, 17, rue de l'Hôpital, L-9244 Diekirch T. 80 85 44

Vize-Pres.: Maurice Losch, dipl. Geogr., 25, op Kräizfelder, L-9142 Burden T. 621 21 50 24

Kaissier: Lucien Renckens, fonctionnaire P&T, 2d, av. Salentiny, L-9080 Ettelbréck T. 81 00 18

Sekretär: Marc Baumann, 9 rue d'Ettelbrück, L-7751 Colmar-Berg, T. 52 10 01

Kulturkoordinator: Boes Gilles, ouvrier communal, 6, r. Grand-Duc Jean, L-9147 Erpeldange

Bonert Paul, médecin, Diekirch
Bouché Guy, employé, Gilsdorf
Dahm Francis, indépendant, Erpeldange
Friederici Jean-Marc, Ingénieur Urbaniste, Diekirch
Mergen-Rommes Monique, indépendant, Diekirch
Nicolay Pascal, fonctionnaire, Ettelbruck
Ries Patrick, employé communal, Luxembourg
Simon Carlo, fonctionnaire de l'armée, Burden
Trezzi John, retraité, Diekirch