Samstag, 7. Juni 2025

Opléisung vun der Denkfabrik als asbl

Well mer ze wéineg Memberen an di läscht Joeren keng eegen Aktivitéiten méi haten. Hu mir am Abrell 2025 decidéiert d'Asbl opzeléisen an d'Konten zouzemaachen well soss just Fraisen ufaalen.

Eis Suën déi iwwregblouffen hu mir un d'asbl Late Night Bus viruginn. De Late Night Bus Nordstad ass am Mee 2001 vun der DF Nordstad ugestouss an organiséiert ginn. De Projet war ee grousse Succés an ass eng duerno selbstänneg asbl gin a kann eis Ennerstetzung secher gudd gebrauchen.

Mir soën jiderengem den eis bei de sëllechen Pilotprojeten: Biergerforen, Theaterspektakelen, Busaktiounen, Sentier Adrien Ries erfannen, Emfroen, Citymarketing Erkundungen, Leader Initiativ, ... gehollef hun een décke Merci.

Och wann net alles eppes gin ass, sou mengen mir huet et awer insgesamt dozou beigedroën dat Thema Nordstad ab 2000 lassgetreppelt gouf an elo op enger aanerer Ebene: Syndikat an Fusioun virugeet.

Denkfabrik ass domat als Struktur iwwerflësseg a bleiwt just als labbere "Supporter Club" vun der Nordstad a vum Late Night Bus.


Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Merci fir objektiv Kommentaren

Beléifte Posts